Nei Thermosfläsch mam LGL-Logo

En Ziel vum „plan de développement scolaire“ (PDS) vum LGL ass et fir d’Schüler fir ekologesch Themen ze sensibiliséieren. Mir wëllen am LGL manner Offall produzéieren a manner Plastiksfläsche benotzen.
Dofir gëtt et elo d’Méiglechkeet eng personaliséiert Inox-Thermosfläsch mam LGL-Logo ze kafen. Si ka benotzt gi fir 500 ml kaalt, waarmt oder spruddelegt Gedrénks.

Des Fläsch gëtt et fir 10 € am Direktiounssekretariat vum LGL ze kafen.