Mérite Jeunesse at LGL

What is it ?

Mérite Jeunesse is part of the Duke of Edinburgh’s Award (known as DofE), which was founded in 1956 in the UK. Today young people aged 14 to 24 participate in 144 countries.

Why do it?

Mérite Jeunesse aims to help young people learn about themselves, discover new talents and practise commitment, communication, leadership, teamwork …   Overcoming personal challenges, the participants grow in confidence while also becoming fitter and healthier.

How does it work?

Depending on the level (bronze, silver or gold), the involvement in activities lasts a minimum of six, twelve or eighteen months.

At each level, the participant is involved in four sections: Skills, Volunteering, Sport and Expedition. There is no competition. Each young person progresses at their own pace and at the level of their choice. At the gold level, there is also a residential project.

The Lycée de Garçons de Luxembourg has had its own Mérite Jeunesse unit since 2012.

If you, too, are interested in participating, please contact simone.biewer@education.lu.

 

De Final Hike 2022

Am Ufank vun der grousser Vakanz 2022 hate mir d’Chance eisen Hike fir den Ofschloss vun eisem Sëlwer respektiv Bronze Niveau vum Mérite Jeunesse ze man.

An enger éischter Etapp si mer vun Esch-Sauer bis op d’Giewelsmillen getrëppelt, wou mer och di 1. Nuecht gezelt hunn. Den zweeten Dag si mer, trotz eisem Muskelkater, fréi opgestanen a monter bis op Dikrech getrëppelt. Um drëtten a leschten Dag hu mer eis Enddestinatioun, Veianen, erreecht.

Di dräi Deeg waren zwar ustrengend, mee mir hu flott nei Bekanntschafte gemaach a vill Erfarunge gesammelt. Zum Beispill hu mer eis 3 mol den Dag selwer gekacht, wat heiansdo schwéier war well mer nëmmen ee Kocher zur Verfügung haten. Fir eng besser Organisatioun, hu mer d’Moolzechten/d’Iessen opgedeelt, sou dass keen ze vill droen hat.

D’Nuechte waren zwar kal (an naass), mee dat huet eis net dru gehënnert, 45 km an deenen 3 Deeg ze trëppelen.

Zum Gléck huet d’Wieder matgespillt an eisen Hike méi agreabel gemaach.

Dank deem Hike hu mer den Norde vun eisem Land besser kennegeléiert an di schéin Natur entdeckt.

Wat ganz flott war, waren eis informativ Oweskonversatiounen. Wärend mer dat gutt Iesse genoss hunn, hu mer eisen nächsten Dag vu vir bis hanne geplangt.

Mir hu fei Leit am Norde kennegeléiert, déi eis souguer heiansdo gehollef hunn, de Wee ze fannen.

Obwuel den Hike heiansdo haart war, ware mer all um Enn ganz frou, sou eng Experienz gemaach ze hunn, a recommandéieren dat jiddwerengem.

Merci un d’Mme Biewer, den Här Krier, an den Här Müller, déi sech d’Méi gemaach hunn, eis wärend deenen dräi Deeg ze encadréieren, ze begleeden a mat Kichelcher ze versuergen.

Ina Molakava – Emma Bauer – Maëlle Bordet – Luca Schemberger