Mini-entreprises 20/21: vente des produits au LGL

All eis 6 Mini-entreprisen hate Succès mat hire Produiten an hu souwuel online wéi och live am LGL vill konnte verkafen. Am LGL war déi eenzeg Vente wou konnt dëst Joer organiséiert gin an et huet eisen Entrepreneuren richteg Freed gemaach emol mat Leit a Kontakt ze sin fir hire Produit ze présentéieren. MIr soen Merci dass si trotz der Pandemie den LGL bei der JEL (www.jel.lu) esou gutt vertrueden hun.

Letzseef: Verkaf vu selwer gemaachte ökologësche Seefen
Soos: Verkaf vun engem klassesche Kaartespill mat neiem Design
FaceIt a 4Homies: Verkaf vu Beautymasken an Tasen déi komplett am LGL produzéiert a personaliséiert ginn
Letzsmile: Verkaf vun ökologescher Zahnpasta a Gewënner vum Präis fir de beschte Marketing
Midnight: Verkaf vun Hoodies an T-shirts mat originellem Print