Les 5e à Cologne

D’5CL02 an d’5C03 sinn den 30. Abrëll 2019 op Köln gefuer zesumme mat  hire Professeren : d’Mme Bohnenberger, Mme Nilles, Mme Schroeder an d’Mme Stockman. Moies hu si déi gréissten a modernste Moschee vun Europa besicht, wou  den Imam hinnen dat wonnerschéint Gebai gewisen an erkläert huet; zum  Schluss huet hien och nach aus dem Koran rezitéiert/gesongen, wat wierklech impressionant war. Nomëttes hunn déi 2 Klassen a klenge Gruppen e Rallye duerch d’Alstad  vu Köln gemaach wou si vill Neies entdeckt hunn.