Eng grouss Réussite fir d’Option peinture

D’1ère Option Peinture gët et dëst Joer fir d’éischt am LGL, a gläich zum Optakt gouf vun hirer Professesch, dem Marianne Thilges, eng Ausstellung vun de Schüler hire Biller an der Gallerie “A Spiren” zu Stroossen organiséiert. De Vernissage wor Donneschdes, den 30te Januar, um 19.00, a Präsenz vun der Direktioun vum LGL esou wéi dem Buergermeeschter, dem Schefferoot an der Kulturkommissioun vu Stroossen. Den Erléis aus der Vente vun de Biller gouf zu engem Drëttel der Organisatioun “Télévie” gestëft. Stroossen ass dëst Joer Centre de Promesses fir Télévie. D’Ausstellung war e groussen Erfolleg, mat ganz ville Besucher an enger schéiner Bilanz no der Vente. Et sin 2.720 € als Don un Télévie zesummekomm. Alle Schülerinnen aus der Option Peinture dofir e riisege Merci!