Éischt-Hëllef-Diplomer am LGL

42 Schüler an 2 Professeren hunn am Laf vun dësem Schouljoer d’Éischt-Hëllef-Coursen am LGL besicht.

Endlech konnten si hiren Diplom erëm offiziell iwwerreecht kréien, an dat no dräi Joer Paus.

Dem Här Luc Scheer, Direkter vun der Croix-Rouge, war et e grousse Pleséier, dës Diplomer z’iwwerreechen an hinnen u konkreete Beispiller z’erklären, wéi wichteg d‘éischt Hëllef am Alldag ass.

D’Madamm Bohnenberger, als Responsabel vun den Éischt-Hëllef-Coursen an der Éischt-Hëllef-Equipe, huet der Direktioun Merci gesot, fir d’Ënnerstëtzung, déi si all Joer vun hinne kritt. An engems huet si och dem Noémie Wunsch aus dem Sepas de symbolesche Schlëssel weiderginn. Si wäert am neie Schouljoer d’Organisatioun vun den Éischt-Hëllef-Coursen an d’Leedung vun der Éischt-Hëllef-Equipe vum LGL iwwerhuelen.

Natierlech war et och jidderengem wichteg, der Madamm Pascale Hoffmann e grousse Merci ze soen, fir hir immens flott a kompetent Manéier, dës Coursen ze halen. Si huet och de Schüler felicitéiert a si encouragéiert, sech an der Éischt-Hëllef-Equipe z’engagéieren.