Eischt Hëllef am LGL

Enn Mee krute 67 Schüler an eng Professesch hiren Éischt-Hëllef-Diplom vun der Madame Catherine Gapenne vum Roude Kräiz iwwerreecht.

Den Direkter aus dem LGL, den Här Frank Eyschen, huet deenen neie Secouristë felicitéiert an si opgefuedert sech och weiderhin fir hir Matmënschen z’engagéieren, sief et an der Éischt-Hëllef-Equipe aus dem LGL oder och soss do wou hir Hëllef gebraucht gëtt.

D’Éischt-Hëllef-Equipe aus dem LGL gëtt er eréischt säit September 2016. Méi ewéi 30 Schüler haten sech deemools gemellt fir mat ze maachen. Dësen Engagement verhënnert, datt fir all klenge Bobo eng Ambulanz muss geruff ginn. Zwee Schüler huele moies en extraen Handy mat op d’Klass, mat deem si kënne geruff ginn, wann hir Hëllef néideg ass.

Och dëst Joer hunn sech spontan 32 Schüler gemellt, fir sech bei der Éischt-Hëllef-Equipe z’engagéieren.
D’Madame Bohnenberger huet der Direktioun, dem Här Eyschen an der Madame Altwies, Merci gesot, fir déi grouss Ennerstëtzung déi si deenen zwou Optiounen op 3e an op 2e, dem fräiwëllege Cours no der Schoul an natierlech och der Éischt-Hëllef-Equipe zoukomme léisst.

E grousse Merci sollt awer och d’Madame Pascale Hoffmann-Wagner kréien, déi di dräi Coursen op eng immens flott a kompetent Aart a Weis geleet huet.
D’Madame Gapenne vum Roude Kräiz huet sech deene ville Mercien ugeschloss, de Schüler fir hiren Engagement gratuléiert a si och op d’Wichtegkeet vum Bluttspenden higewisen.