E Sectioun vum LGL @ Köln

De 9. Januar huet d’E Section sech op de Wee fir eng Klasserees op Köln gemaach. Rendez-vous hate mir um 8 Auer virum Jongelycée an der Staat.

Pünktlech si mir dann och fortgefuer a koume géint 11 Auer virun eisem Hostel un. Ukomm am Hostel, hu mir fir d’Éischt mol eis Bagagen ofgesat a goufen an zwou Gruppen agedeelt.

D’Premieren an d’Troisièmen goufen zesummegesat an d’Deuxièmen fir sech eleng. Grupp 1 ass den éischten Dag de Ludwig Museum besiche gaangen, déi aner sinn an de WDR gaangen. Iert mir dann awer eisen Treffpunkt um 2 Auer am Musee haten, konnte mir e bëssen vun der Staat profitéieren.

Am Musee selwer konnte mir eis déi verschidde Biller a Konschtwierker a Realitéit mol ukucken déi mir am Kuer behandelt hunn. D’Premiere E krut jeeweils ee Kënschtler ze präsentéieren als kleng Preparatioun op de Premièresexamen.

Nom Musee hate mir dann nach e bësse Fräizäit bis mir eis dann erëm zesummen den Treffpunkt am Hostel ginn hu fir eis gemeinsam fäerdeg ze maachen fir iessen ze goen.

Wéi mir duerno alleguer zesummen ënnert Schüler a Proffen am Restaurant souzen an e gudde Schnitzel giess hunn, ass den Dag esou lues zu Enn gaangen. Zeréck am Hostel, ass jiddereen a säin Zëmmer gaangen an huet sech an d‘Bett geluecht.

Den 2. Dag hues nees um 7 Auer mat engem gudde Frühstück am Hostel ugefaang. Um 8h30 hu mir eis dann op de Wee fir an de WDR gemaach. Am WDR selwer hate mir d’Chance kritt selwer eng Noriichtesendung z’organiséieren. All Schüler krut eng Aufgab déi en erleedege misst. Schlussendlech hate mir dann no 3 gudde Stonnen eppes op d’Bühn bruecht wéi jidderee stolz drop war.

Ab 12h30 hate mir da nees Fräizäit, mee leider misste mir rëm um 13h30 am Hostel si fir eis op den Heemwee ze maachen.

Laura Bacinski, 1CE05