5C06: Science Festival 2021

Freides, den 12. November 2021 huet d’5C06 aus dem LGL mat den Enseignanten Pierre Hahn an Luc Kieffer um Science Festival deelgeholl. Mat ronn 40 verschidden Atelieren huet dësen och dëst Joër nees en eemolegen Abléck an d’Naturwëssenschaften gebueden.
D’Schüler vun der 5CL06 haten d’Geleeënheet, fir winzeg DNA aus Zellen sichtbar ze maachen an se ze entschlësselen, oder nei Hightech-Gewebe vun DUPONT kennen ze léieren an op hire villfältegen Asaz am Alldag kënnen ze testen. Donieft konnte si de mathemateschen Universum, deen a permanentem Opbau ass, vun enger neier spillerescher Säit erfueren.
Lauter Impressiounen, déi bei deem engen oder aneren sëcherlech de Goût op d’Naturwëssenschaften verstärkt hunn.