3BC01 op Besuch an der Chamber

D’Klass 3BC01 aus dem LGL hat d’Chance, e Méindeg, den 10. Januar zesumme mam Deputéierte Paul Galles d’Chamber ze besichen.
An hirem Cours „Vie et société“ haten d’Schüler ganz vill iwwer Demokratie geschwat, an zumools iwwer d’Lag hei zu Lëtzebuerg, vun der Vergaangenheet a bis haut.
Den Här Joe Junius huet hinne fir d’éischt eng Aleedung zur Geschicht vun der Chamber gemaach a si duerno duerch ganz Chamber geféiert. Am Sëtzungssall haten d’Schüler d’Éier, fir sech op d’Plaze vun den Deputéierten an de Ministeren ze setzen. Si hunn dem Paul Galles allméiglech Froe gestallt, wéi z.B. wat d’Aarbecht vun engem Deputéierten ass, och ausserhalb vun de Sëtzungen, wéi de Vote an der Chamber fonctionnéiert a wéi si sech am beschte kënnen op déi nächst Wale preparéieren, vu datt et fir si déi éischt sinn. Fir d’Schüler an hir Proffessesch war et eng ganz intressant a lieweg Diskussioun a si soen dem Här Galles an dem Här Junius e grousse Merci fir déi eemoleg Visitt.