1. Hëllefequipe aus dem LGL

E Freideg, de 27.September hu 14 Schüler aus der 1.Hëllefequipe e wuel verdéngten Ausflug gemaach.
Fir d‘éischt si mir op Beetebuerg bei de CGDIS gefuer wou mir wärend 2 Stonnen alles wichteges iwwert de Cgdis gewuer gi sinn a wou mir eng zimlech gutt Formatioun gemaach hunn.
Duerno huet eise „klenge“ Bus eis an Däitschland gefouert wou mir mat Begeeschterung an e bësschen Angscht iwwert déi riseg Hängebréck „Geierlay“ gaang sinn. E wierklecht Erliefnes! No engem kuerzen Ofstiecher zu Tréier ass et dunn erëm heem bei den Lgl gaang. Mir sinn eng immens flott Equipe a sinn ëmmer bereet fir nei Schüler, déi den 1.Hëllefcours gemaach hunn, opzehuelen.