Nationalen Éischt-Hëllefdag – den LGL war derbäi

Den 29. Abrëll 2019 hu 27 Schüler aus der Éischt-Hëllef-Equipe vum LGL um nationalen Éischt-Hëllefdag am Kolléisch deelgeholl. Si hunn de ganzen Dag a vill verschiddene Formatiounsateliere matgemaach a selwer  en Atelier geleet,  wou si anere Schüler aus dem ganze Land gewisen hunn, wéi ee richteg Verbänn mécht.