Éischt Hëllef Equipe

Firwat eng Éischt Hëllef  Equipe am LGL ?

„Wa grad näischt geschitt, dann ass alles gutt. A wann dann awer eemol een sech wéi gedoen huet oder et him net gutt ass, da si mir do fir ze hëllefen!“

No dësem Motto probéiere mir, d’Schüler aus der 1.Hëllefsequipe aus dem LGL ze handelen.

Offiziell si mir den 28.September 2016 an d’Liewe geruff ginn a säitdeem versiche mir deene Schüler ze hëllefen, déi e medezinesche Problem hunn an deenen et net gutt geet.

De Prinzip ass relativ einfach : jee no Zäit a Loscht kënne mir eis moies virun 8 Auer an eisem 1.Hëllefszëmmer umellen an en extraen Handy mat op eis Klass huelen mat deem mir bei engem Noutfall kënne kontaktéiert ginn. Mir ginn da bei dee Schüler, vun deem mir gebraucht ginn a probéieren  do 1.Hëllef ze leeschten. Eist Zil ass et, entweder d’Zäit ze iwwerbrécke bis d’Elteren oder eng Ambulanz kommen, oder wann et manner schlëmm ass, eisem Matschüler esou gutt et geet ze hëllefen a bäi ze stoen. Et ass also keng extrem schwéier Aufgab an dach ass et e wichtege Geste, deen d’Personal aus der Loge e bësse soll entlaaschten an eis awer och uléiert fir an enger Stresssituatioun ze handelen, a Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

All ze oft si mir bis elo, glécklecherweis, nach net aus eise Coursë geruff ginn a wann, da war et fir Schüler ze hëllefen, deenen et schlecht war, déi zesumme gaange sinn, oder déi sech wéi gedoen hunn.

Natierlech muss een och wëssen, wéi ee sech a schwierege Situatioune verhale muss. Dofir huet all Member vun eiser Equipe och en 1.Hëllefscours matgemaach an et steet och all Trimester eng Formatioun um Programm.

Ugefaangen hu mir mat 34 Schüler vu 4e un; mëttlerweil sinn et der schonn iwwer 40, a mir hoffen, datt  dat och esou weider geet.

Ënnerstëtzt gi mir vu 4 Professeren vun deenen d’Madame Bohnenberger awer dat meescht am Grëff huet, souwéi vun enger Persoun aus der Loge. Awer och d’Direktioun steet hannert eis, well esou krute mir nieft engem klengen Zëmmer, wou mir e kranke Schüler kënnen hi bréngen, och eng ganz Rei u Material  wéi z.B. en 1.Hëllefsrucksak mat allen néidege Verbänn, Kompressen, Plooschteren, ….. .

Mir sinn awer net just während der Schoulzäit aktiv, mee mir sinn och bei aneren Aktivitéiten hei am LGL präsent, wéi z.B. um Let’s get loud, bei Theateropféierungen a bei dem ING-Marathon.

Mee eppes wat eis besonnesch um Häerz läit ass d’Preventioun, an dofir hu mir all Joer op der Porte ouverte en Atelier, wou Grouss a Kleng d’Häerzmassage kënne léieren.

Mir sinn eng dynamesch a motivéiert Equipe an där mir net nëmmen éischt Erfahrungen am paramedicale Beräich esou wéi am Benevolat sammele kënnen, mee och nei Frëndschaften iwwer d’Joergäng ewech schléissen. Et ass eng flott Erfahrung fir eis all, déi net just eis selwer eppes bréngt, mee och der gesamter Communautéit vun eiser Schoul.

Dofir kënne mir iech nëmme roden : maacht en 1.Hëllefscours bei eis am LGL a gitt duerno Member vun eiser 1.Hëllefsequipe ! Dir wäert et net bereien!

Julien Schmidt (1C2)

Éischt-Hëllef-Equipe vum LGL

Mir sinn eng Equipe vu Schüler, déi am LGL hiren 1.Hëllefscours gemaach hunn an elo hiert Wësse praktesch an der Schoul uwenne wëllen. Wa mir moies an d’Schoul kommen, huele mir ee vun eisen zwee Telefonen, op deem mir dann ugeruff kréien, wann e Schüler sech verletzt huet oder wann et him schlecht ass. Meeschtens sinn et méi kleng Asätz wéi Bauchwéi, Nuesbludden, Kappwéi, … asw. Sportsverletzungen hu mir am Moment net ze versuergen, well eis Sportshal renovéiert gëtt an all déi Coursen elo méi wäit ewech sinn.

Eist Zil ass et, entweder d’Zäit z’iwwerbrécke bis d’Elteren oder eng Ambulanz kommen, oder wann et net esou schlëmm ass, eisem Matschüler esou gutt ze hëllefen a bäizestoe wéi nëmme méiglech.

D’Schüler sinn all fräiwëlleg an der Éischt-Hëllef-Equipe a jiddereen däerf sech aschreiwen, fir den Telefon z’iwwerhuelen, wann e keng Prüfung huet.

Mir sinn och bei aneren Aktivitéiten am LGL präsent : bei der Porte ouverte, beim Let’s get loud, beim Theater, … asw.

Mir hunn eist eegent 1.Hëllefszëmmer, an deem e Krankebett steet an all dat néidegt Material wat ee brauch, fir 1.Hëllef ze leeschten.

Alles an allem ass et wierklech flott, fir sech op dës Manéier an der Schoul z’engagéieren a Responsabilitéit z’iwwerhuelen, an dofir sinn ech ganz frou, fir Member vun der Éischt-Hëllef-Equipe ze sinn.

Carrie Lepage      4CL01

 

Eis Éischt-Hëllef-Equipe 2021-2022

Eis Éischt-Hëllef-Equipe 2018-2019