35 Éischt-Hëllef-Diplomer am Lycée de Garçons Lëtzebuerg

Den 30. Mee 2018 hunn 32 Schüler an 3 Professeren aus dem LGL hiren Éischt-Hëllef-Diplom vun der Madamm Catherine Gapenne, Direktesch vun de Services de Secours vun der Croix-Rouge, iwwerreecht kritt. Si all hu wärend 28 Stonnen  vun der Madamm Pascale Hoffmann all dat Wichtegst iwwert d’Éischt-Hëllef geléiert kritt.

D’Direktioun vum LGL, den Här Frank Eyschen an d’Madamm Stéphanie Altwies, hunn de Schüler a Professere gratuléiert, datt si de Choix gemaach hunn, dëse wichtege Cours ze besichen a prett ze sinn, fir Éischt-Hëllef ze leeschten, wann se gebraucht gëtt.

Den Éischt-Hëllef-Cours  war dëst Schouljoer anescht ewéi soss, well 7 Schüler vun der CLIJA+ KLass matgemaach hunn, wat hinnen an engems erlaabt huet, sech immens séier an hirer neier Schoul z’integréieren. Ausserdeem ass dëse Cours e wichtegen Deel vun der Éischt-Hëllef-Equipe, déi säit 2 Joer am LGL besteet an déi eng bedeitend Roll iwwerhëlt, fir engersäits de Schüler an Nout ze hëllefen an anerersäits  de Schüler eng gewëssen Zort vu Responsabilitéit an Engagement ze léieren.

Zum Schluss vun dëser klenger Feier war et der Madamm Bohnenberger, Responsabel vun den Éischt-Hëllef-Coursen, immens wichteg, fir der Madamm Pascale Hoffmann e ganz grousse Merci ze soen, déi scho säit 6 Joer 2 bis 3 Mol d’Woch vill Schüler a Professeren aus dem LGL fir d’Éischt-Hëllef begeeschtert huet.